Wëllkomm bei der ALESPS!
D’Association Luxembourgeoise des Étudiant·e·s en Sciences Politiques et Sociétales (ALESPS) vertrëtt d’Lëtzebuerger Student·innen aus de Beräicher Politik-, Sozial-, Gesellschafts- a Kommunikatiounswëssenschaften, souwéi Journalismus an aner verbonne Studien.
Mir setze eis fir Austausch, Vernetzung an Engagement tëscht Student·innen, Schüler·innen an der Gesellschaft an. D’ALESPS ass un d’ACEL ugeschloss an schafft enk mat hir zesummen, fir d’Interesse vun de Student·innen ze vertrieden a jonke Leit e Raum fir politesch a gesellschaftlech Diskussioun ze bidden.
👉 Entdeckt méi iwwer eis Missioun, Aktivitéiten a Projeten!


Schaffe goen
Du brauchs ee Stage oder bass fäerdeg mat dengem Studium? Eventuell fënns du hei eng Plaz!

Eventer
Bei eisen Eventer ass fir all Mënsch eppes dobäi – vun Table Ronden bis zu gemittleche Stammdëscher fënns du alles bei ons!

Member ginn
Gëff Member bei ons, fir vun eisen ënnerschiddlechen Eventer profitéieren ze kënnen an nei Leit kënnen ze léieren.
NEWS

ALESPS um Eldoradio am ACEL Studentencorner
Fir all Interesséiert un engem Studium an de Sciences Politiques et Sociétales ass d’ALESPS de Freideg, de 24.04.2026 um 20:00 Auer, Invité an der Sendung ACEL Studentencorner op Eldo Radio. Mir beäntwerten all relevant Froen zu de vun eis vertruedenen Studiegäng a ginn och en Abléck an eis Aarbecht an eis Aktivitéiten. Wien d’Sendung verpasst, kann se duerno och op Eldoradio.lu oder op de gängege Plattformen nolauschteren.
Weider Infos ënenrt: https://www.eldo.lu/aktuell/news/studentecorner
Eventer

Studentefoire 2025
Komm gären laanscht fir dech ze informéieren an nei Leit kënnen ze léieren!

Visitt bei RTL City
Den 3. Abrëll 2026 huet d’ALESPS eng spannend Visitt bei RTL City um Kierchbierg organiséiert. An enger flotter Atmosphär krut de Grupp interessant Ablécker an d’Welt vun Televisioun a Radio. Nieft engem Tour duerch d’TV-Studioen, d’Regie an d’Radiostudioen konnten d’Participante gesinn, wéi eng Emissioun entsteet a wéi vill Aarbecht hannert de Kulisse gemaach gëtt.
Vum Anne Maringer vun Eldo Radio krut de Grupp de Fonctionnement vun engem Radio Sender erkläert. D’Visiteure konnten net nëmmen hir Froe stellen, mee och live bei enger Radiossendung dobäi sinn. Merci alle Persounen déi un dëser Visitt bedeelegt waren.
Och an Zukunft wäert ALESPS weider spannend Visitten a Rendez-vousen organiséieren.

Studien Info
Den 26. März waren mir am Lycée Michel Lucius fir Primaner:innen iwwert déi ennerschiddlech Studienméiglechkeeten ze informéieren.

Fouer – Stammdësch 2025
De 26. August waren mir op eisen éischten Stammdësch op der Fouer wou mir flott Gespréicher hatten an nei Leit kënnegeléiert hunn.

